D'Zukunft muss kënne vun eis geformt ginn.

Gesiichtserkennung kann a gëtt vu Regierungen an Konzerner, géint eis all verwennt - baséierend op wie mir sinn a wéi mir ausgesinn.

Eisen ëffentleche Raum erëmgewannen. Biometresch Masseniwwerwaachung stoppen!



Join our movement




European Citizen's Initiative


Stay updated, join our newsletter!


Reclaim your Face



Ëm wat geet et?


Biometresch Date sinn Daten, déi op eisem Kierper a Verhalensweise baséieren. Dës Daten si sensibel a gi perséinlech Informatiounen iwwert eis Präis. Zum Beispill kënnen eis Gesiichter vu Gesiichtserkennungsoftware benotzt ginn, fir Prediktiounen oder Bewäertungen iwwert eis ze maachen. Eis Aen, Venen, Stëmmen, eis Aart a Weis wéi mir trëppelen oder wéi mir op enger Tastatur tippen a nach vill weideres kann och dofir genotzt ginn.

D'Regierungen, d'Police an Entreprisë benotzen "recording" Geräter (wéi z.B. Iwwerwaachungskameraen) a Gesiichtserkennungsoftware fir biometresch Daten ze sammelen. Dëst bedeit, dass se eis vun enger Plaz ob déi nächst tracéiere kënnen. Dat andeems se eis Eegenaarte an Naupen permanent identifizéieren. Dës Erfaassung vun de biometreschen Date vun all Persoun am ëffentleche Raum wéi zum Beispill Stroossen, Parken, Garen, Geschäfter oder Sportshalen ass eng biometresch Masseniwwerwaachung. Biometresch Iwwerwaachung behandelt eis all ewéi beweeglech Barcoden.

Sollt e Patron är Gesiichtsausdréck benotze fir ze entscheeden ob Dir fir d'Aarbechtsplaz gëeegent sidd?
Mir wëlle vun eisem Patron opgrond vun eiser geleeschtener Aarbecht behandelt ginn an net opgrond vun eisem Gesiicht oder Kierper.
Sollt d'Police Iech op eng Lëscht vu verdächtege Leit setzen, baséiert op der Aart a Weis wéi dir trëppelt?
Mir wëlle vun der Police mënschlech a mat Respekt behandelt ginn amplaz ewéi e Kriminellen.
Sollt e Geschäft iech nëmme Produkter weisen op Basis vun ärem Geschlecht oder Ethnie?
Mir wëlle de fräie Choix hunn, bei deem wat mir kafen, ouni dobäi vu groussen Entreprisen manipuléiert oder diskriminéiert ze ginn.
Sollt e Spidol iech refuséieren eng Famill ze besichen, well dir op rrn Protest gaange sidd, wéi dir méi jonk waart?
Mir wëlle fräi schwätze kënnen an Ongerechtegkeeten dokumentéieren, ouni eis selwer mussen ze zenséieren, well mir permanent beobacht ginn.
Sollt eng Uni iech eng Plaz fir äre Liiblingscours verweigeren, wéinst de Leit mat deenen dir iech trefft?
Mir wëllen eis Bildung fräi eraussichen, onofhängeg vu wou mir hierkommen oder wien eis Kolleege sinn.
Sollt är Autosversécherung är Primm erhéije wéinst der Aart a Weis wéi dir iech undot?
Mir wëllen d'Kontroll iwwert eis Daten hunn, an net vu Firmen exploitéiert ginn, déi eis Identitéiten mëssbrauche fir Suen domadder ze maachen.

Mir mussen d'Méiglechkeet hunn eis eegen Zukunft ze gestalten, mir musse selwer iwwert eist Liewen entscheeden dierfen.

Privatsphär ass Muecht

Iwwerwaachung ass Geld

Eis Zukunft zerëck fuerderen

An der haiteger Welt wou mer ëmmer "online" sinn, ass d'Méiglechkeet ze entscheede wéini a wéini net mir eis sensibel Informatioun deele wichteg. Eis Privatsphär ass eng Bedingung fir eis Fräiheeten am ëffentleche Raum an am ëffentleche Liewen ze genéissen: et ass wat eis d'Méiglechkeet gëtt zesummen ze fannen, eis Stëmmen z'erhiewen an ze liewe wéi mir et wëllen.
Eist perséinlecht Liewen ass wichteg - dofir deele mir eis E-Mail Passwierder net, dofir loossen mir eis Hausdieren net opgespaart, an dofir stëmme mir a Walkabinnen of. Et erlaabt eis sécher ze stellen, datt mächteg Regierungen eis Daten net benotze fir eis ze cibléieren oder, datt mächteg Firmen eis Virléiften net manipuléieren. Privatsphär gëtt eis d'Vertraue bei den Dokter ze goen, fir auszedrécke wie mir sinn, oder couragéiert ze schwätzen an ze handele wann een ongerecht behandelt gëtt. D'Fräiheeten, déi mat Privatsphär kommen, hëllefen eis, eisem Liewen nozegoen, ouni dauernd iwwer d'Schëller kucken ze mussen, oder d'Gefill ze hunn, datt mir engem anere senge Virstellungen entsprieche mussen.
Policekräften déi d'Gesetz large ausleeën. Politiker déi eis Walstëmme manipuléiere fir autoritär Agendaen duerch ze drécken. Firmen déi enorm Zomme Sue verdéngen andeems se eis iwwerwaachen (dacks bekannt als "Iwwerwaachungskapitalismus"). Si schaffen zesummen fir eis ze verfollegen wéi mir an eise Dierfer an Stied beweegen.
Andeems mir duerch biometresch Iwwerwaachung verfollegt ginn, kënnen dës mächteg Akteuren direkt mat eisem Gesiicht - oder anere Kierperdeeler - op massiv Quantitéiten vun Informatiounen iwwert eis zougräifen. Grouss Datebanken iwwert eis Interessen, Aktivitéiten a perséinlech Netzwierker kënne kombinéiert ginn mat neien Informatiounen iwwert eis Gesiichter, Kierper, wou mir higinn a wat mir maachen. Duerch dës Informatiounen, behaapten se ze wëssen, wat mir denken, wéi mir eis fillen oder wat mir als nächst maache wëllen - och wann et keng zouverléisseg wëssenschaftlech Basis dofir gëtt.
Mir hunn alles scho gesinn:
Cambridge Analytica probéiert Leit a Groussbritannien an an den USA vum Wielen of ze halen. Friddlech Protestanten a Studente gi mat illegale Policedronen a Frankräich iwwerwaacht. Pendler ginn an Däitschland ewéi Verdächteger behandelt. Politesch Géigner zu Hong Kong ginn attackéiert a monddoud gemeet. Leit mat däischterer Hautfaarf gi fälschlecherweis an den USA festgeholl. Et ass schonn ze wäit gaang - awer mir kënnen et elo stoppen.
Choixen a Chancen iwwer eis Zukunft ginn eis ewechgeholl, einfach well mer si wie mer sinn. Mir mussen eis géint déi mächteg Regierungen a Firmen wieren a sécher stellen, datt d'Technologie fir eis all do ass; an net fir d'Gier, a Kontroll vun deene puer Mächtegen.
Ënnert stänneger biometrescher Masseniwwerwaachung, sinn eis Gesiichter a Kierper der Manipulatioun an Impulser vun Autoritéiten a Firmen ausgesat. Mir ginn iwwerwaacht a beuerteelt op Basis wéi mir ausgesinn. Mir gi méi ängschtlech, manner à l'aise, a manner fräi fir eis selwer ze sinn. D'Beweiser weisen datt se eis a Këschte setzen, baséiert op wéi se eis Ethnie, eist Geschlecht, eisen Alter a méi gesinn. Si behaapten ze wësse wat mir maachen oder denken, op Basis wéi mir eis Äerm beweegen, d'Form vum Kapp oder eise Gesiichtsausdrock. Mir wëssen net mol datt dës onfair an dacks diskriminéierend Suppositiounen iwwer eis gemaach ginn. Si wäerte awer permanent mat eise Gesiichter an eise Kierper verbonne sinn, fir ëmmer, egal wou mir hi ginn.
Wann Dir eemol esou iwwerwaacht a kategoriséiert sidd, kann är Zukunft fir Iech entscheet ginn.
Et diktéiert d'Annoncen, déi dir op engem "intelligente" Billboard gewise kritt. Dir kënnt als Problem an den Ae (an an den offiziellen Iwwerwaachungslëschte) vun der Police ugesi ginn. D'Aart a Wéis, wéi dir iech haut undot, ausgesitt oder handelt, d'Plaze, wou dir sidd an d'Leit, mat deenen dir iech trefft, kéinten eng Beanträchtegung fir d'Aarbecht, Erzéiung oder Rees muer ginn. Är zukünfteg Fräiheet kann ewechgeholl ginn als "Strof" fir einfach wien dier sidd.

E Verbuet vu biometrescher Masseniwwerwaachung ass déi eenzeg Méiglechkeet fir eng Zukunft ze hunn wou mir, an net Algorithmen, eis eegen Decisioune kennen huelen.

Ween seet wat iwwer biometresch Masseniwwerwaachung?



Verännerung sinn am gaangen ze geschéien. Hei fënns de déi neisten News



Fuerder eng Welt wou s du deen eenzege bass deen decidéiert wat fir e Wee s de wëlls goen.

ReclaimYourFace is a movement led by civil society organisations across Europe:

Access Now ARTICLE19 Bits of Freedom CCC Defesa dos Direitos Digitais (D3) Digitalcourage Digitale Gesellschaft CH Digitale Gesellschaft DE Državljan D EDRi Electronic Frontier Finland epicenter.works Hermes Center for Transparency and Digital Human Rights Homo Digitalis IT-Political Association of Denmark IuRe La Quadrature du Net Liberties Metamorphosis Foundation Panoptykon Foundation Privacy International SHARE Foundation
In collaboration with our campaign partners:

AlgorithmWatch AlgorithmWatch/CH All Out Amnesty International Anna Elbe Aquilenet Associazione Luca Coscioni Ban Facial Recognition Europe Big Brother Watch Certi Diritti Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L) CILD D64 Danes je nov dan Datapanik Digitale Freiheit DPO Innovation Electronic Frontier Norway European Center for Not-for-profit Law (ECNL) European Digital Society Eumans Football Supporters Europe Fundación Secretariado Gitano (FSG) Forum InformatikerInnen für Frieden und gesellschaftliche Verantwortung Germanwatch German acm chapter Gesellschaft Fur Informatik (German Informatics Society) GONG Hellenic Association of Data Protection and Privacy Hellenic League for Human Rights info.nodes irish council for civil liberties JEF, Young European Federalists Kameras Stoppen Ligue des droits de L'Homme (FR) Ligue des Droits Humains (BE) LOAD e.V. Ministry of Privacy Privacy Lx Privacy Network Projetto Winston Smith Reporters United Saplinq Science for Democracy Selbstbestimmt.Digital STRALI Stop Wapenhandel The Good Lobby Italia UNI-Europa Unsurv Vrijbit Wikimedia FR Xnet


Reclaim Your Face is also supported by:

Jusos Piratenpartei DE Pirátská Strana

MEP Patrick Breyer, Germany, Greens/EFA
MEP Marcel Kolaja, Czechia, Greens/EFA
MEP Anne-Sophie Pelletier, France, The Left
MEP Kateřina Konečná, Czechia, The Left



Should your organisation be here, too?
Here's how you can get involved.
If you're an individual rather than an organisation, or your organisation type isn't covered in the partnering document, please get in touch with us directly.